Radioen

On air

Concert  |  Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EVP-Offensiv géint ONGe gëtt gebremst

EU-ËMWELTPROGRAMM LIFE

EVP-Offensiv géint ONGe gëtt gebremst

D’Propos vun der Europäescher Vollekspartei, den EU-Ëmweltprogramm "Life" op de Leescht ze huelen, krut am Europaparlament keng Majoritéit. Zu Lëtzebuerg ass dee Programm wichteg, fir Naturschutzprojeten ze ënnerstëtzen, sou natur&ëmwelt. 

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Bei engem éischter symbolesche Vott am Europaparlament gouf et e Méindeg den Owend eng Iwwerraschung. D’Demande vun der Europäescher Vollekspartei, den EU-Ëmweltprogramm “Life” op de Leescht ze huelen, ass net duerchgaangen.

D’Europäesch Vollekspartei, där zu Lëtzebuerg d’CSV ugehéiert, huet zesumme mat de Fraktioune vum rietsen a riets-extreme Bord schonn zanter enger Zäit dee Programm am Viséier. Ëmwelt-ONGen, déi dovu profitéieren, kréie reprochéiert, si géifen op Uweisung vun der EU-Kommissioun EU-Sue mëssbrauche fir Lobbyaarbecht, zum Beispill, bei Europadeputéierte fir europäesch Klimaschutz-Gesetzer ze maachen.

natur&ëmwelt zu Lëtzebuerg: Keng EU-Suen aus Life-Projete fir Lobby-Aarbecht

D’ONGen hunn dee Reproche vehement vu sech gewisen. Et wier den Optrag vun de concernéierten ONGen, sech fir de Naturschutz anzesetzen, seet iwwerdeems d’Claudine Felten, d’Directrice vun natur&ëmwelt. Zu Lëtzebuerg wieren awer keng EU-Sue fir Lobby-Aarbecht op Uerder vun der EU-Kommissioun deviéiert ginn. 

"Zu Lëtzebuerg sinn déi Live-Projeten ëmmer dofir do gewiescht, fir praktesch Naturschutzmoossnamen ëmzesetzen. Dat heescht, do ass näischt gemaach ginn, wat een iergendwéi och nëmmen am wäitste Sënn kënnt als Lobbyaarbecht oder esou eppes falsch deiten."

Zanter datt 1992 deen éischte Life-Nature-Programm zu Lëtzebuerg lancéiert gouf, goufen hei am Land 14 Naturschutz-Projeten an der Héicht vun 23 Milliounen Euro finanzéiert. D’Hallschent vun deene Sue koum aus der EU-Keess.

"Domadder konnten eng 1.000 Hektar Fiichtgebidder, dréche Wisen, Moer an esou weider restauréiert ginn. Et goufe Weieren ugeluecht, Beem an Hecke geplanzt, an esou weider. Dat heescht, wann déi Suen net do gewiescht wären, wär natierlech deementspriechend manner ëmgesat ginn."

Martine Kemp: "Transparenz huet e bësse gefeelt"

Beweiser fir d’Reproche gëtt et bis elo keng. D’EVP awer bleift ee bei hirer Kritik, d’Finanzéierung vu Life-Projete wier net transparent.

Déi Bedenken deelt, d’Martine Kemp. "Mir hu gesinn, datt et effektiv d’Transparenz e bësse gefeelt huet", sou d’CSV-Europadeputéiert. Si dréckt sech méi virsiichteg wéi verschiddener vun hire Kolleegen aus, ouni sech awer vun der EVP-Argumentatioun ze distanzéieren: 

"Ech denke schonn, datt et wichteg ass, datt mer driwwer schwätzen. Et ass awer och genee sou wichteg, unzeerkennen, datt déi Aarbecht vun de Lobby eng wichteg ass."

Et géif Lobbyismus an all Richtung an Deputéiert kriten op deem Wee Informatiounen, ënnersträicht d’Martine Kemp. Fir de Rescht, wier si nach ze frësch derbäi, fir an dësem Dossier genee ze urteelen, sou d’CSV-Politikerin, déi am Dezember zejoert fir de Christophe Hansen an d’Europaparlament nogeréckelt ass.

Tilly Metz: Systematesch Attacke vun der EVP géint ONGen

D’EVP géing zanter Jore systematesch Attacken op verschidden ONG’e lancéieren, seet iwwerdeems déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

"Mir mussen hei d'Fakte kucken: Bei de Life-Projete geet et ëm 0,006 Prozent vum EU-Budget. Datt elo gesot gëtt, do wier massiv Lobby-Aarbecht gemaach ginn, ass am Fong lächerlech. Virun allem, wann een dat mam Budget vergläicht, dee Multinationale Entreprisen hunn, fir Lobby-Aarbecht ze maachen."

Knappe Vott an der Ëmwelt-Kommissioun

An der Ëmwelt-Kommissioun vum Europaparlament, wou d’Tilly Metz Member ass, konnt sech d’EVP e Méindeg net duerchsetzen. Hir Demande de Life-Programm ze iwwerschaffen, wier net contraignant gewiescht, si ass mat 41 - zu 40 Stëmmen duerchgefall.

Dergéint hunn haaptsächlech Sozialisten, déi Liberal an déi Gréng gestëmmt - dofir nieft der Majoritéit vun der EVP och d’Deputéiert vum rietsen a rietsextreme Bord.

Dat d’EVP hei gemeinsam Saach mat der Droite mécht, léisst d’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp awer net gëllen.

"Wa mir als Partei Bedenken hunn, hu mir d’Responsabilitéit, déi och ze äusseren an den Terrain dann net aneren ze iwwerloossen, nëmme well mer soen, dat sinn déi Rietsradikal an déi hunn dat fir d'éischt behaapt oder déi behaapten dat selwecht - an dofir kënne mir et net méi soen. Ech mengen dat wier falsch."

D’Europäesch Kommissioun huet gëscht annoncéiert si géif sech en Dënschdeg zu deene Bedenken äusseren.

Diskussioun iwwer Life-Programm geet virun

Fir d’Tilly Metz ass nach net eraus, wéi et viru geet. De Vott am Parlament wier awer symbolesch wichteg.

"Et ass ee wichtegt Zeechen. Och wann déi Objektioun net elo onbedéngt zu wierklech legislative Konsequenze gefouert hätt, war et symbolesch ganz wichteg, datt een hei seet: Ma nee, mir wëlle weiderhi “Life” als Projeten, als Programm ënnerstëtzen."

Zu Lëtzebuerg, dorop weist d’Clauden Felten vun natur&ëmwelt hin, si Naturschutzprojeten an Zukunft nach méi wichteg bis elo - dat wéinst de Contrainten, déi op EU-Niveau huet, fir Naturschutzgebidder ze restauréieren.  

"Wa mer do déi EU-Mëttelen net méi hunn, an dat ebe muss eleng mat nationalem Budgete gestemmt ginn, hu mer do e Problem."

natur&ëmwelt hat Enn Februar ee Bréif un de Lëtzebuerger Premier an un den Ëmweltminister geschriwwen, fir op deen Debat opmierksam ze maache mat der Demande, datt si sech weider fir de Programm Life asetze sollen.

Lauschterenplay_arrow