Radioen

On air

Moiesstudio  |  Keng Plaz (méi) am Sportsveräin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursaach vum Pipeline Ongléck zu Echternacherbrück ass bekannt

No Fuite virun engem Joer

Ursaach vum Pipeline Ongléck zu Echternacherbrück ass bekannt

D‘Ursaach fir déi grouss Fuite vu Fligerbensinn virun engem Joer zu Echternacherbrück net wäit vun der däitsch-lëtzebuergescher Grenz géif feststoen, schreift haut den Trierischer Volksfreund. 

auto_stories

1 min

Mënschlecht Versoe vun engem Mataarbechter hätt derzou geféiert, datt 30.000 Liter Fligerbensinn ausgelaf waren, dat sot e Spriecher vun der Pipeline Bedreiwergesellschaft der Zeitung. De Spriecher gouf der Zeitung och weider Detailer iwwert d‘Konsequenzen op d‘Ëmwelt. Et wier deemools kee Fligerbensinn an d‘Sauer gelaf, an och am Grondwaasser wiere kéng extra héich Konzentratioune festgestallt ginn.