Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Unicef kritiséiert d‘Hypokrisie an der Gazasträif

Katastrophal Ëmstänn

Unicef kritiséiert d‘Hypokrisie an der Gazasträif

Ee Spriecher vum UNO-Kannerhëllefswierk, deen aus der Gazasträif zeréckkomm ass, huet d‘Zoustänn do als katastrophal bezeechent. Véier vu fënnef Mannerjäregen hätten net genuch ze iessen.

auto_stories

1 min

© dpa | Mohammed Talatene
(Foto: dpa | Mohammed Talatene)

Et géife sech Krankheeten ausbreeden an nëmmen nach aacht vu 36 Klinicken géifen eenegermoosse fonctionéieren. Et wier skrupellos, datt d‘Welt zouléisst, datt dat sou weidergeet, sou d‘Unicef.

De Moie goufen och rëm nei Attacke vun der Gazasträif aus op Israel gemellt. D‘Hamas hätt Rakéiten op israeelesch Uertschafte geschoss. An der Stad Tel Aviv gouf et fir d‘éischte Kéier zanter e Puer Deeg rëm Rakéitenalarm.