Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yves Jarvis - The Knife In Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Unicef Lëtzebuerg hält sech prett fir an Urgence-Modus ëmzeschalten

Äerdbiewen a Marokko

Unicef Lëtzebuerg hält sech prett fir an Urgence-Modus ëmzeschalten

No der Äerdbiewekatastroph a Marokko gëtt weider intensiv no Iwwerliewende gesicht. Beim Biewen e Freideg den Owend mat enger Stäerkt vu 6,8 sinn de leschten Zuelen no iwwer 2.000 Mënschen ëm d‘Liewe komm, ronn 2.400 goufe blesséiert. De Bilan riskéiert an den nächsten Deeg weider ze klammen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Bis ewell huet Marokko offiziell nëmme Katar, déi Vereenten Arabesch Emirater, Groussbritannien a Spuenien ëm Hëllef gefrot. Mee och d’Lëtzebuerger Hëllefsorganisatioune preparéiere sech fir ze hëllefen.

Prett fir den Urgence-Modus

Dorënner d‘UNICEF, déi eigentlech programmatesch Aarbecht a Marokko leescht a Büroen op der Plaz huet. Elo géing ee sech prett hale fir an den Urgence-Modus ëmzeschalten, erkläert de Pol Heber vun Unicef Lëtzebuerg.

"Dat heescht mir si preparéiert an den Avantage natierlech vun eiser Organisatioun ass, datt mer och, leider, muss ee soen, eng enorm Expertis an esou Situatiounen hunn."

Physesch a psychologesch Ënnerstëtzung

Dem Pol Heber no géingen d’Famillen a Kanner op der Plaz elo virun allem Hëllefsmëttel, wéi Drénkwaasser brauchen, seet de Pol Heber. Waasserleitungen an aner Infrastrukture wieren deelweis zerstéiert ginn. Blesséiert Kanner bräichten iwwerdeems och Medikamenter a Verbandssachen.

Doriwwer eraus wier a sou Fäll psychosozial Ënnerstëtzung néideg. Virun allem Kanner wieren traumatiséiert duerch dat wat se matgemaach hunn.

"Fir hinnen ze hëllefen déi Nuecht vun deem Äerdbiewen och kënnen ze veraarbechten a mir hoffen hinnen och sou séier wéi méiglech e bëssen Normalitéit kënnen ze ginn."

Bëssen Alldag zréck ginn

Educatioun wier e wichtegen Deel dovunner, ënnersträicht de Pol Heber, fir de Kanner bëssen den Alldag zréck ze ginn.

"Eis Unicef-Kolleegen op der Plaz, si lo grad amgaangen all déi Moossnamen en Place ze sëtzen, déi am Fong d'Kanner brauchen, fir dat séier déi Hëllef kréien, déi se verdéngen."

Wéi vill Leit den Ament op der Plaz si konnt de Pol Heber net soen. Éischten Informatiounen no wieren déi Infrastrukturen déi d’Hëllefsorganisatioun an de leschte Joren en Place gesat huet iwwerdeems net beim Biewe beschiedegt ginn.

Lauschterenplay_arrow