Ungarn dierf op méi EU-Gelder hoffen, well de Viktor Orbán net méi un der Muecht ass
Nom Regierungswiessel an Ungarn wëllt d’EU-Kommissioun d’EU-Finanzmëttel an Héicht vu 16,4 Milliarden Euro fräiginn. De Gros dovunner soll dann effektiv fléissen, wann Ungarn déi Rei vu Reformen an Investitiounen ëmgesat huet. Dat sot d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.
Well de Premier vu bis elo, de Viktor Orbán ,dacks géint d’EU-Recht verstouss huet, hat d’EU decidéiert, verschidden EU-Gelder net méi un Ungarn ze iwwerweisen.
No de leschte Parlamentswale gouf et awer ee Regierungswiessel mam Péter Magyar, dee Reformen ugekënnegt huet.