Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Synthesis - Dear Dear

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ungarn blockéiert 50 Milliarden Euro fir d’Ukrain

EU-BUDGETS-UPASSUNGEN

Ungarn blockéiert 50 Milliarden Euro fir d’Ukrain

​​​​​​​Ungarn huet säi Veto an enger Decisioun iwwert Ännerungen am EU-Budget ageluecht. Datt et zu kenger Decisioun koum, kritiséiert d’Europaparlament. Elo kéinte wichteg Prioritéiten vun der EU net finanzéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Victor Orban | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Victor Orban (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Keen Accord gouf et den Donneschdeg um EU-Sommet iwwert méiglech Upassungen am EU-Budget. Ungarn huet de Plang, dee Budget ëm 50 Milliarden zu Gonschten vun der Ukraine eropzesetzen, blockéiert.

Am Fong hat ee sech erwaart, datt d’Verhandlunge géifen haut viru gefouert ginn. De Conseilspresident Charles Michel huet awer dunn hënt d’Gespréicher ofgebrach.

Och aner Ajustementer um Budget waren domat net méiglech.

Verhandlungen op d’nächst Joer verluecht

Uganks d’nächst Joer soll elo iwwert dee Budget viruverhandelt ginn, sou hënt de Charles Michel.

Wat heescht dat elo fir déi zousätzlech Fongen, déi der Ukrain sollten zur Verfügung gestallt ginn?

“Mir hunn Instrumenter fir ze garantéieren, datt d’Ukrain op eis Ennerstëtzung ziele kann.”

Déi 26 wiere sech awer op deenen Haaptpunkten eens iwwert d’Changementer am Budget, déi och d’Migratioun an d’Competitivitéit vun der Industrie betreffen.

Verschidde Länner dorënner Lëtzebuerg, haten sech dofir agesat, datt net ze vill nei Suen derbei kéimen, mat dat eischter intern an den EU-Dëppen sollt emgetësselt ginn.

“Um Ufank waren fir de gesamt Paak eng 66 Milliarden Euro virgesin, deen ass successiv erofgesat ginn an duerch Propose vun der spuenescher Présidence an dem Rotspresident Charles Michel staark reduzéiert ginn, sou datt ech mengen, datt een aus Lëtzebeurger Perspektiv mat esou engem Kompromëss ka liewen", sot dozou den Premier Luc frieden gëschter méi fréi am Owend.

Europaparlament: Wichteg EU-Projeten kënnen net finanzéieren

Kritik un de Kierzungen awer och drun, datt elo d’Decisioun verluecht gouf, kennt aus dem Europaparlament. D’EU wier elo net à même wichteg politesch Prioritéiten ze finanzéieren,

“L’aide à l’Ukraine en est une, l’invesititon dans la transition une autre, la défense, la transition numérique, ce sont des investissements colossaux qu’on va devoir faire et on voit qu’on est à nouveau dans une logique qu’il faut restreindre les dépenses publiques au moment où il faudrait en fait les accélérer.”

Sou dozou gëscht Owend den gréngen Europadeputéierten Philippe Lamberts. D’Memberlänner missten sech elo sou séier wéi méiglech eens ginn, sou d’Fuerderung vum Parlament.

Lauschterenplay_arrow