Och am zweete Krichsjoer huet d’Ukrain grouss Hoffnungen op d’EU gesat. D’Gespréicher iwwert ee Bäitrëtt missten nach dëst Joer ufänken, sou den ukrainesche President Wolodymir Zelensky am Februar.
Green Deal ënner Beschoss
2023 stoung d’éischt awer mol den europäesche Green Deal massiv ënner Beschoss. Deem Kampf hat sech déi chrëschtdemokratesch Europäescher Vollekspartei verschriwwen. Hannert hirer Kritik u verschiddene Mesurë stoung och d’Lëtzebuerger CSV.
“Esou wéi den Text aktuell um Dësch läit kann ech net dofir stemmen" sot hiren Europadeputéierte Christophe Hansen zum proposéierte Gesetz iwwert d’Renaturéierung, wat et no vill hin an hir awer nach sou just duerch d’Pleniere gepackt huet. Anerer wéi dat fir manner Pestizid-Asaz goufe gestoppt.
Politesche Wiessel
An Erënnerung bleift sécher d’Diskussioun iwwert den Aus vum Verbrenner-Moteur - des Kéier ass dofir net eng EVP mee eng rout-blo-gréng däitsch Regierung responsabel
“Effektiv hätt de Kanzler Scholz missten iergendwann intervenéieren, gutt ech sinn net an der däitscher Regierung, ech kann dat just vu baussen e bësse kommentéieren”, sot dozou de Lëtzebuerger grénge Minister Claude Turmes, dee wéinst dem politesche Wiessel zu Lëtzebuerg der EU Äddi huet misse soen. Genee ewéi de Jean Asselborn.
De Lëtzebuerger Chefdiplomat hat virdrun nach een Accord iwwert d’Reform vum europäeschen Asylsystem matgedroen, fir déi eng een historeschen Deal, fir déi aner een Ausverkaf vun EU-Grondwäerter.
Oppositioun vum Viktor Orban
Am Dezember ass schliisslech d’Decisioun fir den Ufank vun de Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain gefall
"Déi ass extrem wichteg, well fir mech ass Europa eng Alternativ zum Krich", sot dozou zu Bréissel de neie Lëtzebuerger Premier.
Een, nämlech den ungaresche Premier Viktor Orban, hat sech dogéint gestäipt. Seng Oppositioun dierft och 2024 nach net vum EU-Dësch sinn.