arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainesche President fuerdert méi Engagement vun UN-Staaten

Zu New York

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ukrainesche President fuerdert méi Engagement vun UN-Staaten

De Wolodymyr Selenskyj huet op der UNO-Generalversammlung d'Memberlänner opgeruff méi ze maache fir ze verhënneren, datt Russland weider europäesch Länner ugräift. Seng Ried koum een Dag nodeems den US-President Donald Trump eng nei Astellung vis-à-vis vun der Ukrain gewisen huet.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© European Council
(Foto: European Council)

Philip Crowther zu New York

Do huet sech eppes verännert am Donald Trump sengem Kapp. Frustréiert, schéngt et, nodeem säi Sommet mam russesche President Wladimir Putin net zu konkreete Resultater gefouert huet. Seng Astellung ass méi pro-ukrainesch ginn. Elo seet hien, datt d’Ukrain mat europäescher an NATO-Hëllef säi ganzen Territoire kann zeréckerueweren. Rezent hat hien nach en Tosch vun Territoire mat Russland recommandéiert.

Bei der UNO huet de Wolodymyr Selenskyj vu sengem positive Gespréich mam Trump erzielt, mee och en Opruff gemaach fir méi Waffe geliwwert ze kréien.

"Dir wësst et: d’internationaalt Recht funktionéiert net richteg ouni Frënn mat Muecht, déi sech dofir asetzen. An och dat geet net duer ouni Waffen. Et ass schrecklech, mee ouni Waffe wier et nach méi schlëmm. Et gëtt keng Sécherheetsgarantien ausser Frënn a Waffen."

Och grouss BRICS-Staate sollen hëllefen

Mächteg UNO-Memberlänner wéi Brasilien, China, an Indien ënnerstëtzen d'Ukrain net. China weist sech neutral mee hëlleft Moskau finanziell a militäresch. De Selenskyj wëllt eng méi vereente Front.

“Am Endeffekt musse mir all eppes fir de Fridde maachen, mir als Vereenten Natiounen. Wann ech gelift sot eppes wärend Russland dëse Krich verlängert. Sot eppes géint de Krich."

De russeschen Ausseminister Sergei Lawrow ass och den Ament an de Couloirë vun de Vereenten Natiounen ze gesinn. Getraff huet hie sech mam US-Ausseminister Marco Rubio. Hie soll de Lawrow opgeruff hu fir d'Gewalt géint d'Ukrain ze stoppen.

play_arrow Lauschteren