arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj gëtt haut zu Washington erwaart

USA - Ukrain

|
headphones

1 min

Selenskyj gëtt haut zu Washington erwaart

Mat Spannung gëtt haut op d‘Entrevue tëscht dem ukrainesche Präsident Wolodymyr Selenskij an dem amerikanesche Präsident Donald Trump zu Washington erwaart. Dat Treffen am Wäissen Haus soll um 7 Auer den Owend eiser Zäit sinn.

headphones

1 min

Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance/dpa | Fabian Sommer
Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj (Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer)

De Selenskij hofft op d‘Liwwerung vun amerikanesche Laangstreckerakéite vum Typ Tomahawk. D‘Ukrain kéint domat Zieler déif hannert der russescher Grenz erreechen.

Allerdéngs koum gëschter d‘Annonce vun engem méigleche weideren Treffen tëscht dem Donald Trump an dem Wladimir Putin an der ungarescher Haaptstad Budapest do der tëscht. D‘Treffe gouf an Telefonsgespréich ofgemaach, an do huet de russesche Präsident kloer gemaach, dat d‘Liwwerung vu Tomahawk Rakéiten de russesch-amerikanesche Relatioune schuede géif. Den Trump hat virdrun och schonn d‘Erwaardunge gebremst: D‘USA géife selwer Tomahawk Rakéite brauchen a kéint der net esou vill hir ginn, datt si selwer keng méi hunn. 

En Datum fir dat annoncéiert Treffen tëscht Trump a Putin zu Budapest gëtt et nach net. Den US President sot et wier warscheinlech bannent de nächsten zwou Wochen. 

D‘EU Kommissioun huet de Mëtteg mat gedeelt, si géif dat Treffen ënnerstëtze wann et d‘Friddensefforte viru bréngt.