Wann et méiglech wier, fir de Krich am Noen Osten ze stoppen, da kéinten och anerer – wéi deen an der Ukrain – gestoppt ginn, esou de Selenskyj.
D‘Gespréich tëschent béide Presidente kënnt no enger vun de gréisste russeschen Attacke jee um Freideg géint den Energiesecteur an der Ukrain. Ee Kand vu 7 Joer ass dowéinst gestuerwen, dausende Stéit hate kee Stroum méi.
Am Oste vun der Ukrain sollen da bei engem russesche Loftugrëff zwou Persoune gestuerwen a véier blesséiert gi sinn, esou d‘Militärverwaltung. Eng Bomm soll nieft enger orthodoxer Kierch ageschloe sinn.