arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland dementéiert Dronenattack op dänesch Flughäfen

International

|
headphones

1 min

Russland dementéiert Dronenattack op dänesch Flughäfen

Russland dementéiert all Bedeelegung un den Dronenflich, déi gëschter um Mëttwoch iwwer zivillen a militäresche Flughäfen an Dänemark gemellt goufen. Et wier eng „orchestréiert Provokatioun“ a Russland géif dës „absurd Spekulatioune“ vu sech weisen, mellt déi russesch Ambassade zu Kopenhagen haut.

headphones

1 min

Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen bei engem Interview no däR éischter Dronenaktivitéit um Flughafen Kopenhagen | © EPA/Emil Nicolai Helms DENMARK OUT
Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen bei engem Interview no däR éischter Dronenaktivitéit um Flughafen Kopenhagen (Foto: EPA/Emil Nicolai Helms DENMARK OUT)

Déi dänesch Police hat gemellt, datt an der Nuecht op en Donneschdeg Dronen iwwer véier Flughäfen an Dänemark gesi gi wieren: Zu Aalborg am Norden, Esbjerg am Westen, Sonderborg am Süden an iwwer dem Militärfluchhafe vu Skrydstrup och am Süden.

De Flughafen zu Aalborg gouf e puer Stonne laang gespaart, esou d'Police. 

Eréischt virgëschter waren Dronen iwwer de Flughäfe vu Kopenhagen an Dänemark an Oslo a Finnland detektéiert ginn. Déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen hat vun där bis elo schwéierster Attack op kritesch dänesch Infrastruktur geschwat a mam Fanger op Russland gewisen. Russland huet all Responsabilitéit zeréckgewisen.