Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Refugiéen: Lëtzebuerg ass prett d’Protektioun ze verlängeren

EU-INNEMINISTEREN

Ukrainesch Refugiéen: Lëtzebuerg ass prett d’Protektioun ze verlängeren

De Statut vun der „Protection temporaire“ fir ukrainesch Refugiéen an der EU leeft am Mäerz 2025 of. Lëtzebuerg ass fir eng Verlängerung, betount den Inneminister Léon Gloden. Gläichzäiteg erwaart sech d’Ukrain, datt d’Leit nees zeréckkommen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Et gëtt den Ament wuel keng offiziell Demande vun der Ukrain un d’Europäesch Unioun de Retour vun ukrainesche Refugiéen ze encouragéieren.

„Protection temporaire“ bis Mäerz 2025

D’Europäesch Unioun huet am Mäerz 2022, kuerz nom Ufank vun der russescher Attack, d’Direktive fir eng temporär Protektioun aktivéiert, déi den Ukrainesche Flüchtlingen et erlaabt, sech ouni Visum an Demande d’Asyl an der EU opzehalen.

Déi Protektioun gouf zejoert verlängert, a leeft am Mäerz 2025 aus, erënnert déi belsch Staatssekretärin fir Asyl a Migratioun Nicole de Moor zu Bréissel virun der Reunioun vun den zoustännege Ministeren.

“Mir mussen eis preparéieren, an d’Diskussioun iwwer verschidden Zenarien net weider no hanne verleeën.”

Dowéinst hätt d’Belsch, déi den Ament d’EU-Presidence huet, dee Punkt op den Ordre du jour gesat.

Unanimitéit ënnert den EU-Länner

Déi Diskussioun awer ass net einfach. De Léon Gloden, Lëtzebuerger Innenminister an zoustänneg fir d’Migratioun an der schwaarz-bloer Regierung zu Bréissel stellt kloer, datt de Grand-Duché bereet ass, déi Protektioun iwwer Mäerz 2025 ze erméiglechen.

"D’Diskussioune mat de Kolleeginnen a Kolleege Ministeren huet awer kloer erginn, datt mir eng europäesch Solutioun brauchen.“

Et géif och an der EU eng Unanimitéit doriwwer, zesummen eng Decisioun ze huelen, betount den CSV-Politiker.

Selenskyj: „Sou fréi ewéi méiglech zeréck“

Op där anerer Säit stellt sech de Wolodymyr Selenskyj vir, datt seng Landsleit perspektivesch léiwer haut ewéi muer zeréckkommen. Dat hätt den ukrainesche President him perséinlech zu Davos gesot, seet de Beat Jans, de Chef vum Justiz a Policedepartement an der Schwäiz.

„Hien huet mir kloer gesot, datt hien sech erwaart, datt se esou fréi wéi méiglech sollten zeréckkommen. Also egal wat mer maachen, sollte mer am Kapp behalen, datt déi Leit wëllen a sollen zeréckgoen.“

An der Schwäiz gëtt et den Ament keng Limitt fir d'Protektioun vun ukrainesche Refugiéen. Dat géing kaschten, an d’Fro, wéi laang dat nach esou virugeet, misst ee sech stellen, sou de Beat Jans.

Och de Léon Gloden schwätzt vun engem Challenge

„Do musse mer e Balance-Akt hikréie fir, wann d'Ukrain eng Kéier rëm am Fridde ka liewen, datt déi Manpower och do ass, fir dem Land erëm ze hëllefen opzebauen.“

Wat ass dann, wann d’Ukrain nach während dem Krich, och eventuell en vue vun Zaldoten déi kéinte gebraucht ginn, d’EU freet, Retouren aktiv ze encouragéieren?

„Ech mengen dat ass eng ukrainesch Decisioun. Mir forcéieren d'Leit net zeréckzegoen. Mir hunn hinne jo dee Statut ginn. Mir wäerten si lo net forcéieren, zréckzegoen.“

Erkläert de Léon Gloden.

Temporär Protektioun ka verlängert ginn

Et bleift onkloer, wéi d’EU mat esou enger Demande géif ëmgoen. D’Unioun muss sech nach offiziell eens ginn, ob a wéi laang de Statut vun den aktuell 4,2 Milliounen Ukrainesche Flüchtlingen nom Mäerz 2025 soll verlängert ginn.

Si hätt nach keng Propos parat, sot déi fir d’Migratioun zoustänneg EU-Kommissärin, Ylva Johansson. Et wier kloer, datt déi Propos zesumme mat den ukraineschen Autoritéite verfaasst géif ginn. Et ass prinzipiell méiglech, déi temporär Protektioun nach eng Kéier ze verlängeren, huet d’Nicole de Moor präziséiert.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.