Just virdru wier e Bommenalarm lassgaangen, wou d‘Mënschen opgeruff goufen, sech a Sécherheet ze bréngen. Déi ukrainesch Haaptstad war och schonn d‘lescht Woch zwee Mol bombardéiert ginn. Et wier och e Wunngebai getraff ginn, weider Informatioune ginn et awer nach keng.
D‘Ukrain ass an de leschten Deeg massiv vu Russland bombardéiert ginn, viséiert ware virun allem déi elektresch Infrastrukturen. Eng 100.000 Mënschen hätte kee Stroum méi.