Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Dron trëfft Pëtrolsraffinerie a Russland - USA accordéiere weider 300 Milliounen Euro u Militärhëllef

Ukrainkrich

Ukrainesch Dron trëfft Pëtrolsraffinerie a Russland - USA accordéiere weider 300 Milliounen Euro u Militärhëllef

Zu Riazan a Russland huet eng ukrainesch Dron eng Pëtrolsraffinerie getraff an a Brand gesat. Et soll Blesséierter gi sinn. D‘Raffinerie läit nëmmen eng 200 Kilometer vu Moskau ewech.

auto_stories

1 min

Eng zeg Dronen hunn och aner Ziler a Russland viséiert. De russesche President Wladimir Putin huet der Ukrain virgeworf, d‘Presidentschaftswale mat dësen Attacke wëllen ze beaflossen. 

D‘Ukrain kritt iwwerdeems weider 300 Milliounen Euro u Militärhëllef vun den USA. Déi grouss Envelopp iwwer e puer Milliarde bleift zwar vum Kongress blockéiert, déi 300 Millioune kënnen awer aus Reserven iwwerwise ginn.

Washington huet och e Waffendeal mat der NATO guttgeheescht. Fir iwwer 3,5 Milliarden Euro soll Polen Buedem-Loft-Rakéite geliwwert kréien.