Geet den Ukrain-Krich am Schied vun deem am Noen Osten ënner? Op déi Gefor hu gëscht virun allem d’Vertrieder aus den Nopeschlänner vun der Ukrain opmierksam gemaach
"Mir dierfen d’Ukrain net aus den Ae verléiere - soss profitéiert Russland dovun." ass d’Warnung vun der lettescher Premierministerin, Evika Silina.
Dowéinst wier et wichteg, datt elo iwwert déi weider finanziell Ënnerstëtzung fir d’Ukrain geschwat gëtt.
EU-Budget 2024-2027: 50 Milliarden Euro fir d’Ukrain
Genee dat stoung gëscht um Programm: d’Kommissioun huet eng Revisioun vum EU-Budget bis 2027 proposéiert - mat enger Hausse vu ronn 60 Milliarden Euro, vun deenen der 50 géingen der Ukrain zur Verfügung gestallt ginn.
Net all d’Länner sinn dofir. Et stéing een do nach ganz Ufank vun den Diskussiounen huet direkt den däitsche Kanzler Olaf Scholz präziséiert.
“Ich glaube da muss klar und deutlich gesprochen werden. Meine Überzeugung ist, dass die Möglichkeiten, die durch eine Umpriorisierung von Ausgabeprogrammen aus dem europäischen Haushalt gegeben sind, noch nicht ausgeschöpft sind.”
EU-Suen Ëmschichten amplaz neier ze froen, dat wënscht sech de belsche Premier Alexander de Croo.
“Wat bis elo um Dësch läit ass net akzeptabel fir eis. Et ass richteg, de Fokus op d’Finanzéierung vun der Ukrain ze setzen. Mee d’Kommissioun sollt op hir eege Fonge kucken an hei aner Prioritéite setzen, aplaz d’Memberlänner ze froen, hir Contributiounen eropzesetzen.”
Orban: Mir sinn déi eenzeg, déi fir ee Friddensplang sinn
Eens gouf ee sech gëscht net - dat war och net ze erwaarden - bis Dezember awer muss een Accord iwwert deen neie Budget virleien.
Een, dee sech zimmlech sécher bis zum Schluss striewe wäert, ass den ungaresche Premier Viktor Orban. Hien huet déi allermeescht vu sengen EU-Homologen duerch seng rezent Entrevue mam russesche President rose gemaach, no där hien net gezéckt hat, eng Foto mat Handshake ze publizéieren.
De Viktor Orban huet gëscht seng Demarche ganz selbstbewosst verdeedegt. Si wier Deel vu senger Friddensstrategie ass, bei där et wichteg ass all Kommunikatiouns Kanäl mat Russland opzeloossen
“Soss gëtt et keng Chance fir Fridden. Dat ass eng Strategie. Mir si stolz drop, mir sinn déi eenzeg an der EU, déi sech fir Fridden asetzen. Dat sollt awer den Interêt vu jidderengem an Europa sinn.”
Bettel: “Bras d’honneur” par Rapport zur Ukrain
De Premier Xavier Bettel awer gesäit an där ungarescher Haltung een Affront par Rapport zur Ukrain.
“Dat ass vis a vis vun engem Land, wat all Dag ënnert russesche Missilë leit, ee richtege Bras d’honneur. Fir ze soen: Dir kämpft fir ons, mee dat ass ons egal an ons Geschicht, wéinst där mer wëssen, wat et heescht ënnert engem groussen Noper ze leiden, dat hu mer vergiess. Ech fannen dat net korrekt.”
Grad elo misst d’EU aussepolitesch zesummestoen, sot de litauesche President Nauseda.
Um Pabeier huet d’EU dat gëscht gemaach. D’EU wäert der Ukrain sou laang ewéi néideg eng staark finanziell, wirtschaftlech, humanitär, militäresch an diplomatesch Ënnerstëtzung zoukomme loossen, heescht et an de schrëftleche Konklusioune vum EU-Sommet.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.