Radioen

On air

Zeenewiessel  |  

play_arrow Live
search

/ Russland dreet den USA mat Konsequenzen

No ukrainescher Attack op d'Krim

Russland dreet den USA mat Konsequenzen

Moskau behaapt, datt déi ukrainesch Attack wier mat Hëllef vun amerikanesche Missilen duerchgefouert ginn. De russeschen Ausseministère huet dofir elo déi amerikanesch Ambassadrice zu Moskau convoquéiert.

auto_stories

1 min

Een Dag no der ukrainescher Rakéitenattack op d‘Hallefinsel Krim, déi vu Russland annektéiert gouf, huet Russland elo den Ausnamezoustand iwwert d‘Hafestad Sewastopol verhaangen. 4 Mënsche ware bei deenen Attacken ëm d‘Liewe komm a ronn 150 goufe blesséiert.

De Moie wier och déi ukrainesch Stad Odessa massiv bombardéiert ginn. 3 Mënsche wiere blesséiert ginn, mellen déi lokal Autoritéiten an et géif e grousst Feier ginn.