Hien hätt nach kéng Decisioun geholl, seng Kommandanten hätten tëscht 450.000 a 500.000 weider Leit gefrot, an dat géif ëmgerechent 12 Milliarden Euro kaschten, esou den ukrainesche President.
Bal zwee Joer nom Ufank vum russeschen Agressiounskrich ass d‘Ukrain an enger schwiereger Positioun. Weider Hëllefe vun den USA gi vun de Republikaner am Kongress blockéiert, a bei der EU blockéiert Ungarn den Ament am Budget eng weider 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain.