Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Toledo - When He Comes Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Uebstbauveräin fuerdert weidere Waasserdësch

Besseren Zougang zu Waassser

Uebstbauveräin fuerdert weidere Waasserdësch

De Klimawandel an den Zougang zum Waasser fir den Uebst a Geméisbau sinn déi grouss Erausfuerderunge fir d’Membere vum Uebstbauveräin. Deen hat um Freideg seng Generalversammlung zu Lampech ofgehalen. 

auto_stories

1 min

© Bigstock / Inga Nielsen
Foto: Bigstock / Inga Nielsen

De Veräin zielt aktuell 200 Memberen, déi meescht dovunner hunn eng mixt Produktioun, dat heescht, datt d’Geméis an Uebstproduktioun parallel zu enger Mëllech oder Fleeschproduktioun besteet. 

Eng vun de Revendicatiounen déi de Secteur huet ass d’Ofhale vun engem weidere Waasserdësch. 2021 gouf um leschte Waasserdësch decidéiert, datt een iwwert Pilotprojeten géif probéieren den Zougang zu Waasser z’erméiglechen. D’Agrarministesch Martine Hansen huet gëschter Owend betount, datt si géif probéieren, déi administrativ Hürden ofzebauen, fir déi alternativ Bewässerungssystemer opzebauen.

Weider fuerdert den Uebst a Geméisbau-Secteur Projete fir Zäre kënnen ze notzen, och misst iwwert d‘Zouloossung vu verschidde Planzeschutzmëttel diskutéiert ginn.