Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Weather Station - Neon Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Uebst- a Geméisubau an Zären: De Landesuebstbauveräin reagéiert op d'Kritik vum Mouvement écologique

Landwirtschaft

Uebst- a Geméisubau an Zären: De Landesuebstbauveräin reagéiert op d'Kritik vum Mouvement écologique

De Landesuebstbauveräin geheit dem Mouvement écologique vir, Onwourechten ze verbreeden: De Mouvement géif behaapten, datt den Ubau an enger Zär ënner anerem mat héijem Waasserverbrauch verbonne wier. Dat stëmmt net, äntwert dorop de Landesuebstbauveräin.

auto_stories

3 min

headphones

8 min

Zären | © Bigstock/Adil Celebiyev play_arrow
Foto: Bigstock/Adil Celebiyev

De Landesuebstbauveräin kann u sech zefridde si mam Text iwwer d’Subventioune bei den Zären. An awer konnt een d’Kritik vum Mouvement écologique net esou stoe loossen, erkläert hire President Jean-Claude Muller am 100,7-Interview. Et géing ëmmer "aus engem gewëssen Eck" op d’Landwirtschaft an nei Projete geschoss ginn, an dofir hätt een e puer Saachen "an dat richtegt Liicht gesat".

Niddrege Selbstversuergungsgrad bei Tomaten, Paprika a Co.

De Jean-Claude Muller huet selwer ee Betrib zu Conter. Hien erkläert, datt verschidde Kulture wéi Tomaten, Kornischongen oder Paprika an eise Breedegrade just an Zäre kënnen ugebaut ginn. Wann een als eenheemesche Betrib seng Produktioun ausweide wéilt, da wieren Zären den nächste logesche Schrëtt, esou de Landwirt.

Zu Lëtzebuerg hätt een de Selbstversuergungsgrad an de leschte Joren an d’Luucht kënne schrauwen. Dat virun allem bei Muerten, Kabes an Zalot. Fir Muerte léich de Selbstversuergungsgrad ongeféier bei 20 Prozent. Bei Kornischongen awer zum Beispill just bei engem Prozent.

"A Bauerenhand" bleiwen

Dem Mouvement seng Haaptkritik ass déi, datt just grouss Betriber ënnerstëtzt solle ginn. Kleng Betriber géingen also net an de Genoss vun de Subventioune kommen. Effektiv wier eng Mindestinvestitioun vun 2,5 Milliounen Euro virgesinn, seet de Jean-Claude Muller. Dat géing awer och just engem Hektar Zär entspriechen. Dëst géing also net bedeiten, datt kleng Betriber dat net kéinte maachen.

De Landesuebstbauveräin ass beim Ausschaffe vum Text och consultéiert ginn, an et wier hinne wichteg gewiescht, datt et sollt "a Bauerenhand" bleiwen, esou de Jean-Claude Muller. Déi einheimesch Landwirtschaft soll gestäerkt ginn.

Jean-Claude Muller: Bio verbrauch méi Waasser an den Zären

Dann huet de Mouvement écologique sech gewonnert, firwat d’Subventiounen net un Obligatioune gebonne wieren, bestëmmten ekologesch Krittären ze erfëllen, beispillsweis Biogeméis unzebauen. A la base géif ee sech un där Remark och net stéieren, seet de Jean-Claude Muller. Et ass een awer net domadder averstan wa gesot géif ginn, datt Biogeméis aus Zäre méi nohalteg wier.

De Jean-Claude Muller gëtt d’Beispill vum Waasser. Ee Kritikpunkt vun den Zären ass, datt se vill Waasser verbrauche géifen. Dat wier net wouer, esou de President vum Landesuebstbauveräin. Wann d’Reewaasser opgefaange gëtt, da kéint een et notze fir ze nätzen. Dat géif vun de Waasserquantitéiten och duergoen. Awer just, wann ee mam Konventionelle fiert, wou d’Planzen duerch eng “Tropfenbewässerung” genätzt ginn. Dat ass beim Bioubau awer net erlaabt, an dofir géing do och méi Waasser verbraucht ginn, esou de Jean-Claude Muller.

Hie betount och, datt bei der integréierter* Produktioun, wéi se bedriwwe gëtt, net vill Planzeschutzmëttel zum Asaz kommen.

*Ënnert der enger inntegréierter Produktioun vun Uebst a Geméis versteet een eng wirtschaftlech Produktioun vu qualitativ héichwäertegem Uebst a Geméis, virun allem mat ökologesche Methoden an ënner Berücksichtegung vu wirtschaftlechen Ufuerderungen.

Lauschterenplay_arrow