Radioen

On air

Tockcity  |  A$AP Rocky - Tailor Swif

play_arrow Live
search

/ USA wëllen d'Gazasträif mat Hëllefsliwwerungen aus der Loft versuergen

Noen Osten

USA wëllen d'Gazasträif mat Hëllefsliwwerungen aus der Loft versuergen

D‘USA wëllen d‘Zivilpopulatioun aus der Gazasträif mat Hëllefslivraisounen aus der Loft versuergen. An den nächsten Deeg wäert een dat mat Jordanien, déi souwisou schonn Hëllef liwweren, ugoen, sot den US-President Joe Biden.

auto_stories

1 min

D‘UNO ass skeptesch: D‘Nout an der Gazasträif wier esou grouss, datt déi Hëllef do séier verpuffe wäert, ass hir Warnung. 

Iwwerdeems huet de palestinensesche Gesondheetsministère de Moien nei Afferzuele vum Krich publizéiert: 30.320 Leit sinn ëm d‘Liewe komm, 92 déi läscht 24 Stonnen.