Geplangt ass ënner anerem eng Militäroperatioun bis Rafah ze verleeën a prioritär déi humanitär Situatioun ze verbesseren. Esou sollten zum Beispill Noutlager fir d‘Zivilpopulatioun gebaut ginn.
An der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif hale sech momentan ronn annerhallef Millioune Leit op. Si liewen ënner extreem schlechte sanitäre Konditiounen.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet hënt allerdéngs scho kloer gemaach, datt een un der Offensiv géif festhalen an déi lescht Hamas-Batailloune géif zerstéieren.
Den israeelesche Verdeedegungsminister Yoav Gallant wäert d’nächst Woch op Washington reesen.
Kanada stoppt Waffenexport un Israel
Wéinst der israeelescher Interventioun an der Gazasträif huet Kanada en Exportstopp fir Waffen decidéiert. D‘Realitéit um Terrain an der Gazasträif géif et Kanada deemno net méi erlaben Israel Waffen ze liwweren. Zënter dem 8. Januar scho géife keng Autorisatioune fir esou Liwwerunge méi ausgestallt ginn.
Kanada huet sech an de leschte Méint ëmmer nees extrem kritesch vis à vis vun Israel gewisen. Dat awer ouni d‘Recht op Selbstverteidegung a Fro ze stellen.