Ursprünglech sollten den däneschen Ausseminister Lars Lokke Rasmussen an déi zoustänneg grönlännesch Ministerin Vivian Motzfeld haut um Mëttwoch den US-Aussenminister Marco Rubio zu Washington treffen.
Méi NATO-Presenz als Deal?
Datt de Vizepresident JD Vance elo dobäi ass, gëtt kritesch gesinn. Hie gëllt als Hardliner an als wéineg diplomatesch. Den JD Vance war zu engem groussen Deel doru bedeelegt, datt et virun engem Joer zum Eclat am Wäissen Haus koum, beim Gespréich mam ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj.
Bei de Gespréicher haut um Mëttwoch, wëllt Dänemark den USA eng méi staark NATO-Presenz op der Arktisinsel proposéieren. Dänemark a Grönland haten dacks betount, datt d’Insel net zum Verkaf steet.
D’USA argumentéieren hiert Bestriewen, fir Grönland ze kafen oder ze annektéieren, haaptsächlech mat strategesche Grënn. Wéinst dem Klimawandel ginn iwwer de Summer nei Schëfffartsroutë fräi. Doduerch géif d’Presenz vu russeschen a chineesesche Schëffer zouhuelen.
Wat ass den eigentlechen Interessi?
Dem US-President no, wier Dänemark net an der Lag, Grönland ze schützen. Eng méiglech méi staark Presenz vum Militärbündnis a Grönland, déi och den NATO Generalsekretär Mark Rutte an Aussiicht gestallt hat, wier awer just méiglech, wann alleguer d’NATO alliéiert zoustëmmen – also och d’USA.
Et stellt sech also och d’Fro wat de méi staarken Interesse vun den USA ass.
Ass et wierklech ee renge militäresch strategeschen Interessi, oder geet et dach méi ëm d’Rohstoffer op der Insel. Am leschte Fall, wier et mat engem NATO-Asaz a Grönland nämlech net gedoen.
E Franséischt Konsulat a Grönland
De 6. Februar soll a Grönland ee franséischt Konsulat opgoen. Déi Decisioun wier schonn d'lescht Joer getraff ginn, esou de franséischen Ausseministère. Dat wier een Zeechen dofir, datt Frankräich méi Presenz a Grönland wéilt weisen, virun allem am Beräich vun der Wëssenschaft.
De franséischen Ausseminister Jean-Noel Barrot huet wéinst den aktuellen Diskussioune betount, datt den Territoire wéilt autonom bleiwen an datt ee vun der NATO-Solidaritéit géif profitéieren.