search

/ US-Generol lueft Lëtzebuerger Efforten am Beräich Defense

National

|
headphones

2 min

US-Generol lueft Lëtzebuerger Efforten am Beräich Defense

Den ieweschte Kommandant vun den alliéierten Truppen an Europa, de Generol Alexus Grynkewich, sot bei senger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg géintiwwer der Press, Lëtzebuerg géif vill investéieren an domat e wichtege Bäitrag zur Verdeedegung vun der NATO leeschten.

headphones

2 min

US-Generol Alexus Grynkewich, DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes  | © 100,7
US-Generol Alexus Grynkewich, DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes (Foto: 100,7)

D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet de Lëtzebuerger Engagement um Plang vun der Defense nach eng Kéier ervir gehuewen. Si wier frou, datt Lëtzebuerg am leschte Joer d’Zil vun 2 Prozent vum Budget fir Defense erreecht huet.

"Mir wëssen, dass mir an nei Capacitéite mussen investéieren. Mir hunn och iwwer integréiert Loft- a Rakéitenofwier geschwat. Dat ass e ganz neien Terrain fir Lëtzebuerg, mee ganz wichteg fir eis national an eis kollektiv Sécherheet." 

Den ieweschte Kommandant vun den alliéierten Truppen an Europa, de Generol Alexus Grynkewich huet d’Lëtzebuerger Approche honoréiert. Lëtzebuerg wier e klengt Land wat awer verhältnisméisseg vill Efforte géif maachen an domat och der NATO géif hëllefen. E speziellt Luef huet den US-Generol Alexus Grynkewich och fir d’Defence Bonds ausgeschwat.

"The first European country to do this in the 21st century, enabling citizens to contribute directly to national defense, which contributes to NATO's defense while benefiting from a fixed return. It's just remarkable that you were able to come up with that program." 

De Generol Alexus Grynkewich huet och nach eng Kéier d’amerikanescht Engagement zur NATO bekräftegt.

D’USA géifen hëllefen d’NATO nach méi staark ze maache fir, datt et déi stäerkst Allianz gëtt déi et jeemools ginn ass, esou den ieweschte Kommandant vun den Alliéierten Truppen an Europa.