Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ US-Amerikanesche Schauspiller Louis Gossett ass dout

Kultur

US-Amerikanesche Schauspiller Louis Gossett ass dout

De Louis Gossett ass dout. Den amerikaneschen Acteur ass elo am Alter vu 87 Joer gestuerwen. Hien huet eng erfollegräich Karriär zu Hollywood gemaach, an gëllt als een vun deenen déi schwaarzen Acteuren Dieren opgemaach huet.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

De Gossett hat 1983 als éischte schwaarzen Acteur den Oscar fir di bescht männlech Nieweroll kritt, deemools fir säin Optrëtt am Film „An Officer and a Gentleman“, un der Säit vum Richard Gere.