Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wäert nees um ESC deelhuelen

Musik

Lëtzebuerg wäert nees um ESC deelhuelen

Lëtzebuerg wäert och 2025 nees um Eurovision Song Contest deelhuelen. at huet déi zoustänneg Delegatioun elo offiziell confirméiert. Gläichzäiteg ass och d’Sich no engem neie Kandidat lancéiert ginn, deen de Grand-Duché an der Schwäiz vertriede soll.

auto_stories

2 min

D'TALI op der grousser ESC-Bün zu Malmö. | © Sara Louise Bennett
D'TALI beim ESC 2024 zu Malmö. (Foto: EBU)

Lëtzebuerg ass och d’nächst Joer erëm beim Eurovison Songcontest dobäi. Dat huet déi zoustänneg Delegatioun elo offiziell confirméiert. Nodeems Lëtzebuerg dëst Joer am Mee mat der Sängerin Tali no enger 31 Joer laanger Paus erëm um Concours vertruede war, an an der Finall déi 13. Plaz besetze konnt, huet d’Delegatioun ee positive Bilan gezunn an decidéiert, de Projet Lëtzebuerg op der Eurovisioun weider ze ënnerstetzen. Sou wier et och am Regierungsofkommes virgesinn, preziséiert de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun, David Gloesener.

Fir ee Lëtzebuerger Vertrieder oder eng Vertriederin ze fanne gëtt dann, änlech wéi fir dëst Joer, och erëm een “Luxembourg Song Contest” organiséiert. Vun haut Méindeg u bis de 6. Oktober kënne sech Kandidatinnen a Kandidaten iwwert de Site eurovision.lu mellen. Gesicht ginn Artisten, mee och Songwriter, erkläert den David Gloesener.

“D’Artiste mussen op d’mannst 16 Joer al sinn, op den 1. Januar 2025. Si mussen d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder 3 Joer hannerteneen zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, oder si musse mat der Lëtzebuerger Kulturzeen verankert sinn. Si mussen natierlech disponibel sinn tëschent November dëst Joer a Mee d’nächst Joer. Si musse live op enger Bün sange kënnen. A wann et lo zum Beispill eng Band oder en Duo ass, da muss op d’mannst een aus där Band déi Konditiounen erfëllen.” 

Den Datum vum Luxembourg Song Contest soll dann an den nächste Woche bekannt ginn, genee sou wéi d’Stad an den Datum vum Eurovision Song Contest 2025 an der Schwäiz.

Den David Gloesener geet ausserdeem staark dovun aus, datt Lëtzebuerg och déi Joren drop erëm um ESC vertruede wäert sinn.

D'TALI beim Anzuch an d'Halleffinall. | © Corinne Cumming - EBU
D'TALI beim Anzuch an d'Halleffinall. (Foto: Corinne Cumming - EBU)

D’lescht Joer hate sech ronn 200 Kandidatinnen a Kandidate gemellt, fir Lëtzebuerg zu Malmö vertrieden ze kënnen. Aacht dovunner haten et an de Virentscheed gepackt, ier d’TALI sech an der Rockhal zu Esch duerchsetze konnt.

Aktualitéit
Kultur
Musek