Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Auslandsoptrëtt fir den Nationale Jugendorchester vu Lëtzebuerg

An Holland

Éischten Auslandsoptrëtt fir den Nationale Jugendorchester vu Lëtzebuerg

Den Orchestre national des jeunes du Luxembourg, kuerz ONJ, hat um Sonndeg säin éischten Auslandsoptrëtt. Dat zu Apeldoorn an Holland. Dat Ganzt gouf am Kader vun engem Austauschprogramm mam Jugendorchester vun Apeldoorn organiséiert. D’Michelle Barthel huet den Orchester op hirer Rees begleet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

ONJ | © Max Mausen play_arrow
Foto: Max Mausen

60 jonk Musiker:innen aus Lëtzebuerg an dem Ausland stellen dëst Joer den nationale Jugendorchester, ënner der Leedung vum Dirigent Pit Brosius. Nieft deenen 33 Musiker:innen aus Lëtzebuerg si weider 21 verschidden Natiounen vun der ganzer Welt vertrueden.

Standing Ovations am Mierscher Theater

Nodeems hiren éischte Concert um Samschdegowend am Mierscher Theater vum Publikum mat enger Standing Ovation belount gouf, goung et um Sonndeg direkt weider a Richtung Holland. An och do konnten déi jonk Musekerinnen a Museker de Publikum begeeschteren.

Den Dirigent Pit Brosius weist sech an engem Interview direkt nom Concert ganz zefridden.

"Et war super. Et war extreem flott och nach en zweete Concert kënnen ze spillen. Et ass ëmmer eng Erausfuerderung, och nach eng zweete Keier sou vill Energie opzebréngen. Beim éischte Concert geet dat ëmmer vum selwen, mee dat war haut den Owend absolut de Fall an et war super flott."

Solidaritéit mat den Hollänner

Fir de President vum ONJ, de Pit Ewen, steet virun allem d’Solidaritéit an dësem Austauschprogramm am Vierdergrond. Déi hollännesch Regierung wëllt nämlech generell de Konzept vu Jugendorchesteren ofschafen. Dofir ginn et vun 2025 u keng staatlech Subventioune méi.

"An dat bedeit, datt eigentlech déi ganz Struktur, an déi mir elo invitéiert goufen, wäert ophalen ze funktionéieren. An dat ass eng éiweg laang Traditioun vu Jugendorchesteren an Holland, déi zu Enn geet. An mir solidariséieren eis do natierlech mat den hollänneschen Orchesteren." 

Den hollännesche Jugendorchester vun Apeldoorn wäert da muer um Dënschdegowend an der Kathedral hiren Optrëtt hunn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Musek