Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Atelier annoncéiert grouss Rendez-vouse fir 2025

Concerten

Atelier annoncéiert grouss Rendez-vouse fir 2025

D‘nächst Joer kënnt den Justin Timberlake op Lëtzebuerg. Den Atelier huet de Moien e puer grouss Rendez-vousen fir déi nächst Saison annoncéiert. Den Justin Timberlake trëtt den 8. Juli um Open Air bei der Luxexpo op.

auto_stories

1 min

Eng Woch virdrun ass och de Sting bei der Luxexpo, mat senger Show 3.0, mat just zwee Museker, fir hien ze begleeden. Een dovun ass de Lëtzebuergesche Studio-Batteur Chris Maas, deen och scho mat Mumford and Sons am Atelier gespillt hat. 

Aneren Highlight ass de 4. Juli den hollänneschen DJ Martin Garrix an d’Techno Marching Band Meute.

A-Promotions huet op der Pressekonferenz de Moien och de provisoresche Bilan vum Joer 2024 gezunn an dobäi besonnesch d’Wichtegkeet vun den Open-Air Concerten op der Luxexpo ernimmt, déi vum Public mat vill Begeeschterung opgeholl gi wieren.