Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien Observatoire de la Culture wäert geschafe ginn

Kultur

Neien Observatoire de la Culture wäert geschafe ginn

De Regierungsrot war gëschter um Mëttwoch zesummen an huet ënner anerem de Gesetzesprojet ugeholl, mat deem en Observatoire de la Culture wäert geschafe ginn.

auto_stories

1 min

Konschtgalerie | © Bigstock
Foto: Yvonne McCarthy / Bigstock

Och de Reglement grand-ducale, deen ënner anerem d’Missiounen, d’Zesummestellung an d’Indemnisatioun vun deem Gremium definéiert, gouf gutt geheescht.

D’Kreatioun vun deem Observatoire ass am KEP – dem Kulturentwecklungsplang fir d’Joeren 2018 bis 2028 - virgesinn. Den Observatoire soll Informatiounen, Analysen an Donnéeë sammelen, fir eis Kultur besser ze verstoen, ze promouvéieren, an ze ënnerstëtzen.