arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNRWA plangt Digitalarchiv- a Cybersécherheetsservicer op Lëtzebuerg ze brengen

UN-Hëllefswierk

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

UNRWA plangt Digitalarchiv- a Cybersécherheetsservicer op Lëtzebuerg ze brengen

Verschidde Servicer vum UN-Hëllefswierk fir palestinensesch Flüchtlingen (UNRWA) sollen op Lëtzebuerg kommen. Et geet dobäi ëm d’Beräicher digital Archiven a Cybersécherheet: Dat huet de Generalsekretär vun der UN-Agence Philippe Lazzarini op senger Visitt hei zu Lëtzebuerg op Nofro hin ugekënnegt.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Philippe Lazzarini, Xavier Bettel (06.02.26) | © Serge Kesseler
Philippe Lazzarini, Xavier Bettel (06.02.26) (Foto: Serge Kesseler)

Een Zäitplang gouf net genannt. Déi geplangte Präsenz am Grand-Duché ass een Deel vun der Partnerschaft, déi am November d’lescht Joer zu New York ënnerschriwwe gi war.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’UN-Agence an de Joren 2025 bis 2027 mat 30 Milliounen Euro: D’lescht Joer louch de Bäitrag bei 13,5 Milliounen.

D’Geschicht vu palästinensesche Flüchtlingen erhalen

Et wier wichteg d’Archive vun der UNRWA ze erhalen, esou de Generalsekretär, de Schwäizer Philippe Lazzarini. Wärend dem Krich wieren dës Dokumenter aus der Gazasträif gerett ginn, an duerno digitaliséiert ginn.

“Effectivement, en venant ici au Luxembourg, l'objectif c'est aussi de laisser un héritage sur l'histoire des réfugiés palestiniens et de préserver en fait cette histoire jusqu'au jour où nous aurons en fait un État palestinien ou des institutions palestiniennes en mesure de reprendre cet héritage.”

D’UN-Agence steet ënner Drock: Israel hat dem UN-Hëllefswierk d’Aarbecht op sengem Staatsgebitt verbueden. Trotz alle Contraintë wier d’Agence ganz aktiv, am Westjordanland an an der Gazasträif. Problemer ginn et awer am Beräich Educatioun. Virum Iwwerfall vum 7. Oktober 2023 wieren 300.000 Kanner an der Gazasträif an d’Schoule vun der UNRWA gaangen.

“Et aujourd'hui, nous sommes confrontés à une situation où on risque de perdre une génération entière. Et si on perd cette génération entière, on prend aussi le risque de promouvoir plus de radicalisation à l'avenir.”

“Stabilitéit vun der UNRWA ass och d’Stabilitéit vun Israel”

Dem Aussen- a Cooperatiounsminister Xavier Bettel (DP) no, wier d’UN-Hëllefswierk ee “Stabilisateur” fir déi palestinensesch Flüchtlingen.

“Mais aussi pour le Moyen-Orient. Et je dois vous dire, quelque chose qui, malheureusement, n'est pas compris dans toute la tête des responsables israéliens, c'est que la stabilité de l'UNWRA est aussi la stabilité d'Israël.”

De Generalsekretär vum UN-Hëllefswierk fir palestinensesch Flüchtlingen (UNRWA), de Philippe Lazzarini gouf op senger Visitt hei am Land och vum Grand-Duc Guillaume emfaangen, an der Chamber a beim Kulturminister Eric Thill (DP).

play_arrow Lauschteren