Brittescht iewescht Geriicht kippt Verbuet vu "Palestine Action"
Dat brittescht iewescht Geriicht huet de Verbuet vun der propalästinensescher Grupp "Palestine Action" als rechtswidreg erkläert. Dem Keir Starmer seng Regierung hat d‘Grupp als Terrororganisatioun agestuuft.
Ënnerstëtzer vu “Palestine Action” feieren d’Decisioun vum ieweschte Geriicht géint d’Verbuet vun der Organisatioun (13.02.2026) (Foto: EPA/TOLGA AKMEN)
Dat wier awer onverhältnesméisseg, esou d‘Urteel vum britteschen ieweschte Geriicht. Eng Matgrënnerin vu Palestine Action hat géint déi Astufung beim Geriicht geklot.
D‘Regierung hätt dat gemaach, nodeems de Grupp op engem Loftwaffestützpunkt agebrach war, a Fligere vun der Royal Air Force mat Faarf besprëtzt hat.