E neie Video op de soziale Medie suergt op en Neits fir Diskussiounen. Ze gesinn ass do e Polizist, dee bei de Lycéesprotester gëschter zu Paräis e Manifestant mam Knéi an de Kapp rennt. De Parquet huet d‘Generalinspektioun vun der Police mat enger Enquête beoptraagt.
Zënter dem Ufank vun de Schülerprotester goufe bis elo ronn 6.900 Demonstrante festgeholl an ënner Garde a Vue gestallt. 86 Prozent dovu ware Mannerjäreger.
Annoncéiert Mesure geet den Demonstranten net wäit genuch
Géint 2.400 Demonstranten, dovun 2.000 Mannerjäreger, goufe juristesch Poursuitte lancéiert, esou nei Zuelen haut vum Justizministère.
Eng Mesure déi déi franséisch Regierung op Drock vun de Protester gëschter annoncéiert huet ass, datt eng 3.000 Enseignantë bis en Dënschdeg als Remplaçanten an déi Lycéeë geschéckt ginn, déi am stäerkste vun der Personalnout betraff sinn.
Dat wier net genuch, fannen d'Lycéesschüler:innen. Nächsten Dënschdeg, den 13. Oktober, ass e weideren Aktiounsdag a Frankräich geplangt. "Éier mir keng 10 Milliarde fir d’Schoule gesinn, hale mir net op", sot déi gréisste Studentenorganisatioun.
Zéngdausende Leit manifestéieren zu Bréissel
Der Police sinn am Ganzen 30.000 Leit bei der Manif zu Bréissel dobäi. Si ginn op d'Strooss géint geplangte Reformen a Budgets-Kierzunge vun der Regierung.
Déi zwou gréisst Belsch Aarbechtsgewerkschaften hunn zu dësem Protest opgeruff. Och Lycées- an Uni-Studenten a Studentinnen hu sech de Protester ugeschloss. Nieft Bréissel ginn och zu Léck Manifestatiounen.
A béide Stied koum et dobäi zu Zesummestéiss tëschent Demonstranten an der Police. Zu Bréissel huet d‘Police huet Waasserkanounen an Tréinegas an der Géigend vun der Gare du Midi agesat. Der Police no hätten e puer Honnert Jonker sech der Manifestatioun ugeschloss, verschiddener hätte schwaarz Kleeder a Masken un, si hätten Objeten op Poliziste gepucht. Et goufen och Busser vandaliséiert an Objeten a Brand gestach.