De gréissten Deel vun hinnen hätt awer eng sougenannt "alternative de garde". Fir 90 Kanner ass och nach keng alternativ Léisung fonnt ginn. De Paul Galles erkläert, wéi een elo weider virgeet.
"Déi Eltere ginn alleguerten informéiert. Déi sinn op enger Liste d'attente an de Foyeren. Da gëtt eben iwwer esou fur et à mesure am Laf vun deenen éischte Woche gekuckt, wat fir eng vun deene Kanner, déi am Foyeren ageschriwwe sinn, kommen och wierklech déi ganz Zäit, wou gefrot ginn ass, datt si kënne kommen. Wou ännert sech d'Inscriptioun?"
Heiansdo kéim et och zu Léisunge vun ausserhalb, esou de Paul Galles. Dat wier beispillsweis de Fall, wa Kanner géife plënneren oder no der Schoul am Sportsveräin ënnerwee wieren.
"Da kënne mir eben Inscription-partiellen ubidden. Dat heescht, ëmmer ausgoend natierlech ëmmer vum Ratio vum Personal."
Et wéilt ee souwisou ëmmer esouvill Kanner an de Foyeren ënnerbrénge wéi méiglech, esou nach de Stater CSV-Schoulschäffen.
Lauschtert hei dat ganzt Gespréich mam Stater CSV-Schäffe Paul Galles