arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et ass Rentrée: Haut fänken d'Grondschoulen u mat ronn 1.000 Schüler méi wéi zejoert

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et ass Rentrée: Haut fänken d'Grondschoulen u mat ronn 1.000 Schüler méi wéi zejoert

Nodeems haut d'Grondschoulen hiren éischten Dag vum neie Schouljoer hu fänke muer d'Septièmen un. En Donneschdeg dann ass et um Rescht vun de Lycéeën. D'Zuel vu Schüler:innen ass och dëst Joer nees ëm ronn 2.000 geklommen.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Vum 15.09 un ass Rentrée an der Schoul | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Ronn 64.300 Schüler:inne ginn dëst Schouljoer am Fondamental erwaart. Dat sinn der bal 1.000 méi wéi d’lescht Joer.

Och am Secondaire geet d’Zuel vu Schüler:inne weider an d’Luucht: Hei rechent den Educatiounsministère mat ronn 55.900 Schüler:innen. Och hei iwwer 1.000 Schüler:inne méi wéi zejoert.

Bei Wäitem déi meescht vun hinne ginn an ëffentlech Schoulen. Ronn 58.600 ginn an eng ëffentlech Grondschoul, a ronn 44.400 an en ëffentleche Lycée.

Unzuel un Enseignantë klëmmt 

Bei de privaten- an den Europaschoule bleift am Fondamental d’Zuel relativ konstant bei ronn 5.600 Schüler:innen, an am Secondaire geet dës Zuel liicht erop, op ronn 10.500.

Och d’Unzuel vun den Enseignantë klëmmt weider: Am ëffentleche Fondamental rechent de Ministère mat am Ganze ronn 6.600, an em ëffentleche Secondaire mat ronn 6.200 Enseignanten.

Dobäi sinn et virun allem an de Primärschoulen, mat iwwer 80 Prozent, wäit méi Frae wéi Männer, déi ënnerriichten. An de Lycéeë sinn et 55 Prozent Fraen, a 45 Prozent Männer, déi d’Coursen halen.

Parallel dozou ass och d’Zuel vun de Plazen an de Betreiungsstrukturen an d’Luucht gaangen. Op Enn 2025 gekuckt gouf et ronn 76.800 agreéiert Plazen a Maison-relaisen, Crèchen an aneren Accueilsstrukturen. Dat ware 7,6 Prozent méi wéi dat Joer virdrun.

Eng ganz Rëtsch u Reforme starten

Et ass dann och d’Rentrée vun den Neierungen, fir der nëmmen e puer opzezielen: Mam Projet ALPHA gëtt et lo d’Méiglechkeet, vum éischte Schouljoer un op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert ze ginn. Den neie Léierplang schaaft ee Kader fir transversal Theemen an de Grondschoulen.

Mat der Reform vun der Voie de préparation sollen am Général méi individuell Parcoursen an eng méi enk sozioedukativ Begleedung kommen. A mat der Verlängerung vun der Schoulflicht musse Schüler:innen elo bis si 18 Joer al sinn an d’Schoul goen oder eng Beruffsausbildung maachen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch hofft mat all dëse Reformen, d’Schoulofbréch ze reduzéieren an de Schoulsystem insgesamt méi gerecht ze maachen.

play_arrow Lauschteren