Op enger Walkampf-Foire an de Gäng vun der Schoul hunn d’Kandidaten a Kandidatinne sech an hir Iddie virgestallt. Hanner grousse wäissen Dëscher hu si de Schüler:innen hir Virschléi erkläert a Froe beäntwert.
Vu méi Representatioun iwwer ee feste Pyjama-Dag
Bei de Stänn gouf gëschter Moien zum Deel lieweg diskutéiert. Fir déi eng ass et wichteg, datt eng besser Kommunikatioun mat der Direktioun stattfënnt.
"Vill Communautéite ginn net genuch representéiert an et gëtt och e puer Problemer hei an der Schoul: D'Schüler fäerten, si hunn e bëssen Angscht mat der Direktioun ze schwätzen. De Student-Committee ka vill mat deem hëllefen an ech géif gären am Team sinn, dat mat de Schüler kéint kommunikéieren."
Anerer soen, si wéilten Aktivitéite fir déi ganz Schoul, wéi beispillsweis Ausflich oder Sport, organiséieren. Fir de Spaass an den Alldag ze integréieren.
"Ech engagéiere mech, datt mir all Mount kéinten een Theema hunn. Zum Beispill een Dag am Mount, mir kéinten all am Pyjama an d'Schoul kommen. Een aneren Dag kéinte mir all rosa oder blo eis undoen."
Zu de Projeten, déi scho realiséiert goufen, gehéiere beispillsweis ee Gaart baussent der Schoul an d’Neigestaltung vun der Schoulbibliothéik.
Schüler:innen an Direktioun ginn zesummebruecht
Déi zwee Joer am Schülercomité an der internationaler Schoul Gaston Thorn hätten hir vill Spaass gemaach, huet d’Presidentin Sarah Cassis eis gesot.
Si trëtt bei dëse Walen net méi un.
"Es war sehr, sehr schön, auch die Schüler zu repräsentieren von unserer Schule. Wir haben versucht, ihre Iddien auch vorzusetzen und ins Spiel zu bringen. Und haben dabei auch einen Jugendtreff hier gestaltet."
Och de Member Naël Rowhani zitt e positive Bilan vun der Zesummenaarbecht am Schülercomité.
"C'est un mélange qui donnait de bons résultats, et à la fin, je pense qu'on a bientravaillé sur les deux ans, particulièrement sur la première année, c'est un truc nouveau pour nous, ça faisait qu'on était deux fois plus motivé, deux fois plus excité à voir ce que c'était de représenter les élèves."
D’Zesummenaarbecht tëschent dem Schülercomité an der Direktioun vun der Schoul wier gutt gelaf, esou de Bilan vun der Anissa Djalo.
"Ech fannen, datt se eis vill gehollef hunn. Mee si hunn eis och oft gelooss eleng schaffen. Mee wa mir Hëllef gebraucht hunn, ware si ëmmer do fir eis."
Och fir d'Direktioun ee Léierprozess
Zur Zesummenaarbecht mam Schülercomité déi lescht zwee Joer stellt d’Direktesch Jessy Medinger fest, datt et als nei Direktesch an enger éischter Etapp ee Léierprozess war.
"Ech hu fir d'éischt emol missen Zäit, Raum maachen, fir déi jonk Leit kennenzeléieren, fir ze verstoen, wat hinne wichteg ass a fir och ze léieren, wéi mir effikass kënnen zesummeschaffen."
Heiansdo géifen och mol Demandë kommen, déi méi aus dem Bauch eraus wieren a wou kee Plang derhannert géif stiechen.
"An da geet et drëm net direkt Nee ze soen, mee mat hinnen zesummen ze kucken, wéi kënne mir dann op e Wee kommen, wou mir noost méiglech un eppes erukommen, wat fir Iech an der Rei ass a wat trotzdeem nach an de Kader vun der Schoul passt."
Am EIGT gëtt digital gewielt
D’Jessy Medinger ass zënter 2022 Direktesch vun der internationaler Schoul Gaston Thorn um Geesseknäppchen. Och an hirer Schoul lafen dëser Deeg d’Wale fir een neie Schülercomité.
"Mir hunn ee Raum. Mir krute ganz léif vun der Gemeng Lëtzebuerg d'Walkabinnen zur Verfügung gestallt, fir datt si och déi Experienz eng Kéier richteg maachen."
Iwwer een digitale System um iPad géifen d'Schüler:innen dann hir Stëmmen ofginn.
"Mir hunn e Roulement gemaach vun de Klassen, fir datt si net mussen ze laang waarden, fir bäizekommen. Iwwer déi nächst Deeg kann dann all Schüler wielen. Natierlech och mat Schülerkaart ofginn, an op der Lëscht registréiert ginn, datt si schonn eng Kéier gewielt hunn."
Eegen Iddie realiséieren
De Minister Claude Meisch (DP) fënnt et “immens spannend”, wann d’Schüler:inne sech engagéieren. Hien huet gëschter an der École internationale Gaston Thorn mat Kandidaten iwwer hir Iddie geschwat.
"Wa si da richteg Campagne maachen, wa si Iddien hu fir ganz konkreet eppes ze änneren, wa si awer och léieren, wéi d'Demokratie fonctionéiert, net nëmmen an der Theorie, wéi am Land oder op der Welt d'Demokratie fonctionéiert, wéi eng Chamber gewielt gëtt, e Staatsrot an d'Regierung an esou weider, mee wa si dat selwer an der Schoul och kënne maachen, mat hiren eegenen Iddien."
Déi beschte Reklamm fir d’Demokratie wier, wann d’Schüler:inne géife gesinn, datt aus eegenen Iddie Saachen an hirer Schoul realiséiert ginn, huet den Educatiounsminister betount.