D‘Manifestanten hätte mat Steng a Knupperten op si geschoss. D‘Police hätt mat Waasserwerfer an Tréinegas reagéiert. Zu Leck koum et och zu Stroosseblockaden, Bränn an ageschloene Fënsteren. Et sinn och iwwer 100 Jonker festgeholl ginn.
De Moie gouf et eng Entrevue tëschent dem Buergermeeschter vu Léck, dem Policechef, de Schüler-Delegéierten an de Schouldirektiounen. Am spéiden Nomëtteg elo ass och Entrevue tëschent de Schüler:innen an der Educatiounsministesch Valériy Glatigny geplangt.
Hannergrond: Ännerunge bei den Aarbechtsconditioune vu Proffen
Haaptkritikpunkt vun deene Jonke sinn déi budgetär Kierzungen an der Educatioun. D'Schüler:inne fuerderen ënner anerem, datt d'Aarbechtsconditioune vun hire Proffe an Enseignante besser ginn, fir datt déi sech méi an d'Bildung vun deene Jonken investéieren.
D'Fuerderung kënnt net aus dem Näischt: Zënter der Rentrée mussen Enseignanten op den héchste Klassen 22 Stonnen d'Woch Cours halen amplaz vu bis dato 20 Stonnen. Dat bei der selwechter Pai. Grad an deenen héchste Klasse wier d'Aarbecht awer am meeschten, esou d'Kritik.
Nieft Leck sollen och zu Mons an zu Charleroi d'Protester déi nächst Deeg weidergoen.