arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europol deckt Reseau op, dee Päerd geschmuggelt an hir Päss gefälscht huet

Europol

|
reading time

1 min

Europol deckt Reseau op, dee Päerd geschmuggelt an hir Päss gefälscht huet

Europol huet e grousse kriminelle Reseau mat geschmuggelte Päerd an Europa opgedeckt. De Reseau huet gefälschte Päss a manipuléiert Mikrochippen benotzt fir d‘Identitéit an d‘Geschicht vun de Päerd ze verschleieren.

reading time

1 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
(Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Et gouf eng grouss ugeluechte Police-Operatioun an der Belsch, Holland, Frankräich an Irland, bei där iwwer 200 Poliziste dru bedeelegt waren. 

Dausende Päerd goufe kontrolléiert. Et besteet de Verdacht, datt do am grousse Stil illegal mat Päerd gehandelt gouf, déi mat falsche Pabeieren a ganz Europa weider verkaaft goufen.

Wéi Europol schreift, wieren och Päerd an d‘Liewensmëttel-Ketten emgeleed ginn. Déieren, déi net fir de Konsum geduecht waren, wieren illegal a Schluechthaiser geliwwert ginn.