Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO Weltsécherheetsrot: Resolutioun fir d'Opstockung vun der humanitärer Hëllef gouf ugeholl

Noen Osten

UNO Weltsécherheetsrot: Resolutioun fir d'Opstockung vun der humanitärer Hëllef gouf ugeholl

No Deeg laangem Hin an Hier huet den UNO Weltsécherheetsrot hënt eng Resolutioun ugeholl, mat der Opstockung vun der humanitärer Hëllef an der Gazasträif gefuerdert gëtt.

auto_stories

1 min

© Luiz Rampelotto/EuropaNewswire
(Foto: Luiz Rampelotto/EuropaNewswire)

Zwou Millioune Leit sinn hei duerch den israeelesche Militärasaz an Nout. Schlussendlech huet de Weltsécherheetsrot een ofgeschwächte Kompromesstext ugeholl, bei deem d‘USA sech enthalen hunn. Woubäi e Veto erwaart gi war, well d‘USA d‘Interesse vun Israel wëlle schützen.

D‘Ënnerhändler sinn den USA mat enger Ofschwächung vum Text esou weit entgéingt komm, datt a leschter Sekonn een Echec vun der Resolutioun konnt verhënnert ginn.