Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
search

/ UNO-Weltsécherheetsrot: Neie Versuch fir eng Resolutioun fir direkte Waffestëllstand

Noen Osten

UNO-Weltsécherheetsrot: Neie Versuch fir eng Resolutioun fir direkte Waffestëllstand

Am UNO-Weltsécherheetsrot soll haut nach emol versicht ginn, eng Resolutioun duerchzekréien, an där elo direkt e Waffestëllstand an der Gazasträif gefuerdert gëtt. En Text, an deem och d‘USA e Waffestëllstand gefuerdert hunn, war d‘leschte Freideg vu Russland a China blockéiert ginn.

auto_stories

1 min

UNO Weltsécherheetsrot | © picture alliance / Pacific Press | Luiz Roberto Lima
UNO Weltsécherheetsrot (Foto: picture alliance / Pacific Press | Luiz Roberto Lima)

De franséische President Emmanuel Macron huet gëschter den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an engem Telefonsgespréich op en Neits virun enger Offensiv op d‘Stad Rafah an der Gazasträif gewarnt. E forcéierten Transfert vun der Populatioun do wier e Krichsverbriechen, esou de franséische Staatschef.