Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNO-Klimakonferenz geet ouni Äntwert op déi gréisste Fro op en Enn

No 10 Deeg

UNO-Klimakonferenz geet ouni Äntwert op déi gréisste Fro op en Enn

Zu Bonn geet haut no 10 Deeg d‘UNO-Klimakonferenz op en Enn. D‘Zil war et, d‘Weltklimakonferenz Enn dës Joer am Aserbaidschan ze preparéieren.

auto_stories

1 min

UN-Weltklimakonferenz | © picture alliance / Bonn.digital | Marc John
Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John

Wichtegst Theema bei de Berodungen zu Bonn war d‘Klimafinanzéierung. Am Paräisser Klimaaccord vun 2015 war festgehale ginn, datt d‘Industrielänner all Joer den aarme Länner Milliardenhëllefen zur Verfügung stelle fir Klimaschutzmesuren.

Bis 2025 geet deen Accord. Elo war et d‘Fro, wéi et no 2025 weidergeet.

Zu Bonn gouf awer keng Äntwert op déi Fro fonnt. Déi Fro muss deemno op der COP29 zu Baku, am November, tranchéiert ginn.