Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yazmin Lacey - The Feels

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO-Generalsekretär fuerdert Waffepaus fir d'Gazasträif

Noen Osten

UNO-Generalsekretär fuerdert Waffepaus fir d'Gazasträif

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet e Méindeg nach emol zu engem Waffestëllstand an der Gazasträif opgeruff, aus Respekt virum Faaschtemount Ramadan, deen haut ugefaangen huet.

auto_stories

1 min

Antonio Guterres | © picture alliance / ipa-agency | Co/Te
Antonio Guterres (Foto: picture alliance / ipa-agency | Co/Te)

Bei de Verhandlungen am Katar huet de Chef vun der islamistescher Hamas Ismail Haniijä och nach eemol eng Trève gefuerdert. Éischter géifen d‘Geiselen net fräi gelooss ginn. Israel huet d‘Hamas beschëllegt, d‘Verhandlungen ze blockéiere fir dass international Drock gemaach gëtt.

Iwwerdeems soll d‘Versuergung mat Liewensmëttel a Medikamenter iwwer de Miereswee haut ulafen. D‘Schëff „open arms“ soll haut vun Zypern aus fortfueren, ass awer bis elo nach ëmmer net aus dem Hafe vu Larnaka, ausgelaf. Et sollt schonn de Weekend fortfueren, mee et wieren technesch Probleemer ginn.