arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UN-Resolutioun zum Sklavenhandel: Vill europäesch Länner enthale sech, och Lëtzebuerg

Mënscherechter

|
reading time

1 min

UN-Resolutioun zum Sklavenhandel: Vill europäesch Länner enthale sech, och Lëtzebuerg

Den transatlantesche Sklavenhandel war e schwéiert Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet. Dat seet eng UNO-Resolutioun, déi Ghana an d‘UNO-Generalversammlung abruecht hat, an déi mat de Stëmme vun 123 Staaten ugeholl gouf.

reading time

1 min

© UN Photo
(Foto: UN Photo)

Dräi Länner hunn dogéint gestëmmt: D‘USA, Israel an Argentinien. Déi aner Länner, ënner hinne vill europäesch Länner an och Lëtzebuerg, hu sech enthalen.

Joerhonnerte si Millioune Mënsche brutal verschleeft a wäit vun hirer Heemescht ewech als Sklaven ausgebeut ginn. D‘Resolutioun fuerdert ënner anerem och, datt all d'Kulturgidder, déi matgeholl goufen, direkt an onkomplizéiert an hir Heemechtslänner zeréckbruecht ginn.