Si kënnen elo fir de Moment mol an Australie bleiwen. D'Spillerinnen hunn ënner anerem Angscht, Konsequenzen ze kréien, well si beim éischte Gruppespill vum Turnéier bei der iranescher Nationalhymn net matgesongen hunn.
Déi iranesch Frae-Fussballnationalekipp war fir d'Asien-Meeschterschaft an Australien. De Rescht vun der Ekipp ass nees an den Iran geflunn.
Bei der Ofrees vun de Spillerinne koum et zu Protester. Iraneschstämmeg Australier:innen hu probéiert, d'Spillerinnen dovun ofzehalen, zeréck an den Iran ze fléien, well si sech ëm hir Sécherheet Suerge maache géifen.