arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi iranesch Nationalekipp bei der WM: Eng Ekipp vum Regimm, an net vun de Leit

Fussball-WM 2026

|
reading time

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Déi iranesch Nationalekipp bei der WM: Eng Ekipp vum Regimm, an net vun de Leit

Wann een un d'Fussball-WM denkt an déi sëllege Länner déi do matmaachen, denkt een och direkt u Supporter:innen, déi hiert Land massiv ufeieren a mat hirer Ekipp matféiweren. Egal ob déi Leit nach an hirem Heemechtsland liewen oder net. Bei der iranescher Diaspora ass dat net esou. Mee firwat?

reading time

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Déi iranesch Nationalekipp virun hirem WM-Optakt géint Neiséiland | © EPA/CHRIS TORRES
Déi iranesch Nationalekipp virun hirem WM-Optakt géint Neiséiland (Foto: EPA/CHRIS TORRES)

Op d’Fro, ob sech Iraner:innen hei am Land mat der iranescher Fussballnationalekipp identifizéiere kënnen, kënnt d’Äntwert ouni laang ze iwwerleeën.

"Nee iwwerhaapt net."

"D'Äntwert ass nee."

"Mir consideréieren déi Ekipp net als déi iranesch Nationalekipp."

D’Shabnam Sabzehi ass 1988 an d’USA ausgewandert an zënter 2014 zu Lëtzebuerg. Fir si ass et eng Ekipp vum Regimm an net vum iranesche Vollek. Dat gesäit den Arman Zarrin änlech. Hien ass 29 Joer al a fuerscht op der uni.lu um Belval. 2022 koum hien aus dem Iran an Europa.

"D’Iraner froe sech: Wou ass eis richteg Nationalekipp? A si realiséieren ëmmer méi, datt déi aktuell Ekipp just eng Sportsekipp vum Regimm ass."

"En trauregt Gefill"

De Fari Khabirpour schléisst sech där Meenung un. Hie lieft zënter 65 Joer zu Lëtzebuerg. Hien erzielt, datt säi Papp esouguer Nationalekipp am Iran gespillt hätt.

Haut wier dat awer wuel net méi méiglech, well dem Fari Khabirpour säi Papp sech der Relioun vum Bahaitum zougeuerdent huet. Bahai ginn haut nach am Iran politesch wéinst hirer Relioun verfollegt. D'ONG Human Rights Watch bezeechent déi Verfollgung als Verbrieche géint Mënschlechkeet. Deementspriechend ass et net iwwerraschend, datt de Fari Khabirpour der iranescher Nationalekipp net d'Daumen dréckt, an awer ass et eppes, wat him net einfach fält.

“Leider ass et esou. Ech si ganz traureg iwwerhaapt, datt ech dat esou fillen, datt ech mech net ka mat der Nationalmannschaft vun engem Land identifizéieren, aus deem ech stamen.” 

Am Iran ginn de Sport an d'Politik Hand an Hand

En Theema, dat ëmmer nees opkënnt, sinn d’Protester den 8. an 9. Januar dëst Joer géint déi Islamesch Republik am Iran. Déi goufe vum Regimm brutal niddergeschloen. Zuele vun den Doudesaffer variéieren. Iranesch Staatsmedien hu vun 3.000 Doudege geschwat, Mënscherechtsgruppe vun iwwer 16.000.

Am Kader vun esou Nouvellen interesséiert d’Shabnam Sabzehi och wéineg, datt d’iranesch Nationalekipp hiert Lager aus politesche Grënn vun Arizona a Mexiko verleeë huet missen an e puer Member vum Staff kee Visa fir d'USA kruten.

"Nee et reegt mech iwwerhaapt net op. Besonnesch wann ee gesäit, datt dëse Regimm dacks den Doud vun Amerika gefuerdert huet."

Iwwerdeems hätt d’Islamesch Republik de Sport, an domat och de Fussball, ëmmer nees fir hir politesch a reliéis Zwecker mëssbraucht, esou den Arman Zarrin.

"Ech erënnere mech dorun, datt déi iranesch Staatsmedien, wou mir virun enger Rei Joren eng Kéier e Match géint d’USA gewonnen hunn, vun enger Victoire vum Islam iwwer de Weste geschwat hunn."

Trotz Verbuet hat de Fändel mam Léiw et bei der WM an de Stadion gepackt | © EPA/CHRIS TORRES
Trotz Verbuet hat de Fändel mam Léiw et bei der WM an de Stadion gepackt (Foto: EPA/CHRIS TORRES)

E Léiw - Fir déi eng Identifikatioun, fir déi aner Provokatioun

Wat och virum éischte Match bei dëser WM fir Opreegung an der Diaspora gesuergt huet, ass datt déi Iranesch Fussballfederatioun der FIFA mat engem Boykott gedrot huet, falls an de Stadien den ale persesche Fändel mam Léiw géif gewise ginn, respektiv et zu politesche Botschafte géif kommen. Fir den Arman Zarrin en Zeechen, datt och ausserhalb vum Iran géif versicht gi Meenungen ze ënnerdrécken.

"Ech denken, datt et e komplette Verstouss géint d’fräi Meenungsäusserung ass. Si hu beim Fussball ëmmer wärend de Matcher reliéis a politesch Symboler benotzt."

D’Shabnam Sabzehi seet, datt et hier souguer wéi deet, wa se gesäit, datt d’ganz Welt géif mengen, datt et de Fändel vun der Islamescher Republik wier, deen den Iran representéiert.

"Absolutt, well dee Fändel representéiert d’Blutt vun onschëllegen Iraner:innen!"

De Fari Khabirpour gesäit et änlech. De Fändel vun der Islamescher Republik géif net d'Iraner:innen representéieren, mee e brutale Regime.

De Fändel mam persesche Léiw hat et beim Optakt vum Iran bei der WM trotz Verbuet an de Stadion gepackt. En Ofbroch gouf et dofir awer wéi annoncéiert net.

Spiller bleiwen net vum Regime verschount

D'Shabnam Sabzehi betount awer och, datt hir Ofleenung sech net géint déi eenzel Spiller riicht. Déi géifen och deelweis massiv ënner Drock gesat ginn, wa se net regimefrëndlech sinn. De Fari Khabirpour gëtt e Beispill.

"Mir hunn zum Beispill ee ganz gudde Mëttelstiermer, dat ass de beschten, an deen dierf net spillen, well hie gewëss Äusserunge gemaach huet, déi den Autoritéiten do (am Iran) net gefall hunn”

Gemengt ass de Sardar Azmoun, deen ënner anerem fir Bayer Leverkusen an d’AS Roma gespillt huet. Deen hat eng Foto vu sech mam Premier vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten gepost, wou hie mëttlerweil spillt. D’Emiraten gëllen als Feind vum Regime, firwat de Stiermer dunn och net op d’WM matgeholl gouf.

Den iranesche Stiermer Sardar Azmoun | © EPA/Abedin Taherkenareh
Den iranesche Stiermer Sardar Azmoun (Foto: EPA/Abedin Taherkenareh)

D’Beispill vum Sardar Azmoun ass awer nach en harmloost, wann et dorëms geet, wat Fussballspiller am Iran dreet, wa se net konform mam Regime sinn.

Den Amir Reza Nasr Azadani, Verteideger bei engem vun de beschten a populäerste Clibb am Land, dem Tractor SC, gouf 2022 bei de Protester am Kader vum Doud vum Masha Amini verhaft an zu 26 Joer Prison verurteelt. Och eng Exekutioun stoung am Raum. Geséchert Informatioune wéi et mat him weider geet ginn et den Ament net...

play_arrow Lauschteren