Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump proposéiert Palästinenser:innen an Ägypten a Jordanien ze relokaliséieren

Noen Osten

Trump proposéiert Palästinenser:innen an Ägypten a Jordanien ze relokaliséieren

D‘Wafferou an der Gazasträif steet op wackelege Féiss. Um Samschdeg huet d‘Hamas véier Zaldotinne fräigelooss. Israel seet, datt d‘Hamas géint den Deal verstouss hätt, well als éischt Zivilistinne fräi sollte kommen. An dem Kontext suergt den US-President Donald Trump nees fir Schlagzeilen.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP

Den Donald Trump wéilt, datt Ägypten a Jordanien d‘Leit aus der Gazasträif sollte bei sech ophuelen. Et handelt sech hei ëm 1,5 Millioune Mënschen déi deplacéiert sollte ginn. "Mir botzen d‘Gazasträif da grëndlech", esou den Trump um Bord vun der Air Force One.

Et misst souwisou alles ofgerappt ginn. An Ägypten an a Jordanien sollt der Palästinenser:inne Wunnenge gebaut ginn, wou si a Fridde kéinte liewen. Ob kuerzfristeg oder fir länger, misst sech weisen.

Iwwerdeems huet den Trump den Accord ginn, fir Israel Bomme vun 2.000 Pond ze liwweren. Déi wiere bezuelt, huet hien op Truth Social geliwwert, d‘Regierung Biden hätt se zeréckgehalen.