Den Donald Trump huet gedreet, datt wann d‘Hamas hir Waffen net sollt ofginn a sech un den US-Friddensplang halen, da géif si deier bezuelen.
Weider huet den US-President mat Bléck op den Atomprogramm eng nei israeelesch Attack op den Iran ënnerstëtzt, sollt den Iran weider oprëschten.
D‘USA géifen "direkt" selwer agräifen, an Israel "gréng Luucht gi" fir Attacken op den Iran, wann den Iran weider Rakéite baut a mam Nuklearprogramm virufiert, esou nach den Donald Trump.