Trotz der Wafferou: Israeelesch Arméi huet weider Ziler am Libanon attackéiert
Den israeelesche Militär deelt mat, a verschiddene Gebidder am Süde vum Libanon Infrastrukture vun der Hisbollah attackéiert ze hunn. Dorënner een Terrain, dee fir den Training vun enger Eliteunitéit genotzt gëtt, an ee Waffelager. Doudesaffer sollen et bei den Attacke keng ginn hunn.