/ Trotz Verloschter gewënnt d'SDP d'Walen zu Hamburg
Wal fir d‘Bürgerschaft
Trotz Verloschter gewënnt d'SDP d'Walen zu Hamburg
Bei der Wal fir d'Bürgerschaft zu Hamburg gouf d'SPD trotz Verloschter stäerkste Kraaft. Dem virleefege Schlussresultat no koum d'SPD op 33,5 Prozent: E Minus vu 5,7 Punkten. Déi Gréng hunn och 5,7 Punkte verluer a kommen op 18,5 Prozent. E Weiderféiere vun der rout-grénger Koalitioun zu Hamburg ass domat méiglech.
Peter Tschentscher (Foto: picture alliance/dpa | Christian Charisius)
De Buergermeeschter vun Hamburg Peter Tschentscher vun der SPD kéint och mat der CDU an enge Koalitioun goen. Hie sot awer, e Weiderféiere vu Rout-Gréng wier seng éischt Optioun.
D'CDU huet mat engem Plus vun 8,6 Punkten däitlech derbäi gewonnen a krut 19,8 Prozent. Och Die Linke huet mat 11,2 Prozent däitlech derbäi gewonnen a läit virun der AfD. Déi koum zu Hamburg op 7,5 Prozent.