Europa géif op Däitschland waarden, sot den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann am ZDF. Den SPD-Parteipresident Lars Klingbeil sot et géif ee séier Gespréicher féieren, mee et misst ee sech trotzdeem Zäit huele fir grëndlech ze sinn.
Däitsch Medie mellen iwwerdeems, datt iwwer zwee nei ausseruerdentlech Finanzéierungspäck geschwat soll ginn. Eemol fir d’Verdeedegung an eemol fir d’Infrastruktur. Kee vun de Politiker:innen wollt d’Zuele bis ewell méi genee kommentéieren.
Déi zukünfteg Finanze vum Land bleiwe weiderhin e grousse Sträitpunkt an de Gespréicher tëschent der Unioun an der SPD. D’Sozialdemokrate betoune weiderhin, datt et net automatesch zu enger Zesummenaarbecht géif kommen. Eng schwaarz-rout Koalitioun bléift awer weiderhin déi warscheinlechst.
Bei de Parlamentswale vum 23. Februar war déi chrëschtlech-sozial Unioun (CDU/CSU) gestäerkt ginn, d’Sozialdemokrate vun der SPD goufe just nach drëttstäerkst Fraktioun am Bundestag, hannert der rietsradikaler AfD. D’Unioun huet awer ausgeschloss, mat der AfD eng Koalitioun wëllen ze forméieren.