Radioen

On air

Moiesstudio  |  Childish Gambino - Atavista

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tour de Luxembourg: 707 Kilometer an 114 Cyclisten

Cyclissem

Tour de Luxembourg: 707 Kilometer an 114 Cyclisten

A 5 Deeg fänkt den Tour de Luxembourg am Cyclissem un. Am Nomëtten huet den Organisatiounscomité ënnert dem President Andy Schleck déi grouss Linnen dovu virgestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Den Titelverdeedeger aus der Schwäiz ass och mat dobäi, genee wéi ë.a. d’Lëtzebuerger Nationalekipp. Am Ganzen trieden déi nächst Woch 9 Cyclisten aus dem Grand-Duché an d’Pedallen. D’Haaptattraktioun ass, och fir den Andy Schleck, natierlech de Mathieu van der Poel.

"E kënnt net, fir ze trainéieren: E kënnt mat Ambitiounen an am selwechten Zuch sech virzebereeden op d’Weltmeeschterschaft, an enger Woch, zu Zürech.”

 Vu Lëtzebuerg wäerten ënner anerem de Bob Jungels, de Kevin Geniets an den Alex Kirsch dobäi sinn.

De Coureuren an dem Public eppes bidden

Lass geet et e Mëttwoch mat der éischter Etapp, déi iwwer 158 Kilometer vum Knuedler duerch d’Éislek op de Fëschmaart an der Stad féiert. De President vum Organisatiounscomité vum Tour de Luxembourg ass och op dat spektakuläert Enn vun där Etapp, vu Clausen erop, agaangen. Et wéilt ee souwuel de Coureuren, wéi och dem Public eppes bidden. 

"Ech mengen, den Tour huet mëttlerweil eng Notorietéit international fonnt, an e gëtt iwwerall an der Welt gekuckt. Dat heescht et ass och wichteg fir eis, dass mer eppes fir den Tourismus maachen an d’Kultur.”

 Reell Chancë fir d'Lëtzebuerger Coureuren

Soss stécht och nach déi véiert Etapp, haut 8 Deeg, an déi fënneft a lescht Etapp, muer 8 Deeg, ervir, mat ënner anerem dem Pabeierbierg. Och fir d'Lëtzebuerger géif eng reell Chance bestoen, fënnt den Andy Schleck.

 "Mir hunn e ganz gutt Beispill: D’lescht Joer huet de Mats Wenzel sech hei en évidence gesat, en huet de Biergtricot gewonnen: Dat huet him et op alle Fall méi einfach gemaach, fir e Kontrakt ze kréien.”

 Deemno sollte sech d’Lëtzebuerger bei hirem Tour weisen, an eventuell kann dann och ee vun hinnen op de Podium kommen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport