Radioen

On air

Concert  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Sarah de Nutte: Dëschtennis Diddeleng kontestéiert den FLTT-Blâme

Sport

Affär Sarah de Nutte: Dëschtennis Diddeleng kontestéiert den FLTT-Blâme

An der Affär Sarah de Nutte ass dat lescht Wuert nach net geschwat. An dat, obwuel d'Dëschtennisspillerin en Dënschdeg ugekënnegt hat, keen Appell ze maache géint den ëffentleche Blâme, deen de Comité-directeur vun der FLTT viru genee engem Mount géint si ausgesprach hat.

auto_stories

1 min

Sarah de Nutte | © picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun
Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

Den Dëschtennis Diddeleng, kuerz DTD, de Lëtzebuerger Club, an deem d'Sarah de Nutte lizenzéiert ass, kontestéiert dee Blâme nämlech haut an engem Schreiwes wéinst Formfeeler. Engersäits wier den entspriechende Vott net geheim an anerersäits de Sportdirekter Heinz Thews am Sall gewiescht. Well de Comité-directeur vun der FLTT domat géint d'Statute vun der Dëschtennis-Federatioun verstouss hätt, leet den Dëschtennis Diddeleng Appell um Éierentribunal an, heescht et am Communiqué.